10. Juli 2021: Concert d'été beim Centre Barblé

Concert d'été beim Centre Barblé



18 June 2021

Den 10. Juli bidde mir Iech erëm eng Rei vu ganz flotte Concerten un. Eis MusicKids, d'Fanfare an als Haptgrupp "Les Gavroches", waerte fir eng gudd Ambiance a fir e Break vum Alldag suergen.

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

De ganze Concert ass "Covid Check", dat heescht an den ofgegrenzte Concertsberäich kommen nëmme Leit, déi

  • komplett geimpft sinn, oder
  • Covid haten a rëm gesond sinn, oder
  • en negative Covid19-Test opweise kënnen, oder
  • e Schnelltest op der Plaz gemeet hunn.

Mir halen eis konsequent un d'Recommandatioune vum Ministère.