Botzaktioun an eisem Materialdepôt


24 August 2021

No deem ville Reen an den Iwwerschwemmungen am Juli, hate mir d'Waasser bal e Meter héich an eisem Materialdepôt stoen. 
De Schued ass bestëmmt net ze vergläiche mat deem vun anere Plazen am Land, mee awer ass z.B. vill vun eisem Material vum Bëschfest futti an onbrauchbar.
An deem ganze Misär ass et dann awer ganz positiv datt sech eng Rei vu Leit fonnt hu fir ze sortéieren, ze botzen an ze raumen ...