E bëssche Freed an der Wanterzäit ? Kuckt eise Chrëschtdagsclip an deelt e mat Äere Frënn ...

https://youtu.be/-KTg5fmGtW0 Foto vun Ben Seil



13 December 2020

All I want for Christmas is you ....

Léif Memberen a Frënn vun der Stroossener Fanfare.
Am Moment ass et net esou evident fir als Musék bei Iech oder am Duerf present ze sinn.  Soss am Dezember si mir mam Kleeschen duerch d'Duerf gezunn, hunn um Chrëschtmaart Wantermelodie gespillt oder Iech mat eisem flotte Chrëschtconcert an der Kierch op Chrëschtdag agestëmmt ...
Dat geet awer am Moment leider net!
Mee - dir kennt eis jo - mir loossen eis ëmmer eng afalen an hunn all zesummen zwee Stécker iwwert Video opgeholl an zesummegeschnidden. 
D'Resultat ass wierklech flott ginn an hëlleft eis all fir e bësschen a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen.
Mir wënschen Iech all eng besënnlech Chrëschtdagszäit a virun allem eng gudd Gesondheet am neie Joer.