Hämmelsmarsch zu Stroossen 27. Februar 2021


20 February 2021

D’Kiermes ass d’Fest vun de Schutzpatréiner vun der Por Stroossen. Am Fréijoer gëtt den Hl. Albinus, am Hierscht den

Hl. Laurentius gefeiert. Bei dëser Geleeënheet spillt Stroossener Musek den traditionellen Hämmelsmarsch a mécht eng Kollekte fir nei Instrumenter.  Mir wollten Iech déi aal Traditioun vun der Kiermes awer trotz Covid-19 net virenthaalen. Dofir ginn eis Musikante och dëst Joer duerch d’ganzt Duerf a spille fir Iech den Hämmelsmarsch an d’Kiirmeswalz. Selbstverständlech respektéiere mir déi aktuell Sëcherheetsbestëmmunge vum Gesondheetsministère (Social Distancing, Mond- & Nuesschutz, Handhygiene, ...) an eis Quêteure verzichten drop fir vun Diir zu Diir ze goen. Mir wiren awer ganz frou an dankbar, wann Dir eis awer e klengen Don géift iwwert DIGICASH oder per BANKIWWERWEISUNG maache géift.

Mir soen Iech villmols merci a wënschen Iech eng schéi Kiirmes. Bleiwt gesond a monter!