
Kiermes an Hämmelsmarsch zu Stroossen
D’Kiermes ass d’Fest vun de Schutzpatréiner vun der Por Stroossen. Am Fréijoer gëtt den Hl. Albinus an am
Hierscht den Hl. Laurentius gefeiert. Bei dëser Geleeënheet spillt d‘Stroossener Musek den traditionellen
Hämmelsmarsch a mécht eng Kollekte fir nei Instrumenter.
Vun 10€ un spille mir en Tusch, vun 15€ un d‘Kiermeswalz an vu 25€ un en
3fachen Tusch an d‘Kiermeswalz. Dir kënnt eis och mat all anerem Don
ënnerstëtzen. Mir soen Iech Merci a wënschen eng schéi Kiermes.