Kultabend - Galaconcert

Kultabend - Galaconcert



07 March 2019

Léif Museksfrënn ,

Samschdes, den 30. Mäerz 2019 um 20 Auer spillt d’Fanfare Stroossen hire Gala-Concert 2019 mam Thema “Kultabend” am Centre Culturel Paul Barblé zu Stroossen.

A wéi ëmmer sinn eis jonk “Stroossener Music-Kids” och am éischten Deel nees derbäi.

Zesumme mat eisem Dirigent, dem Här Ben Seil, hu mir erëm e flotte Programm zesummegestallt.

Fir déi zweet Partie vum Concert mat däitscher Kultmusek begréisse mer als special Guests d’Tanja Duprez an de Marvin Cornely.

Am Numm vum ganze Comité hu mir de Pleséier Iech op dëse Super-Gala-Concert ze invitéieren.D’Entrées-Ticketen kritt een an der Oweskeess ab 19 Auer. (Präis 10€, ënnert 18 Joer ass et gratis). Et ass kee Virverkaf an dofir free-seating.

An der Hoffnung Iech op dësem agréablen Owend begréissen ze kënnen ....