Merci iech all :)
22nd July 2026
Fanfare Strassen
Den Ofschloss vun eiser Saison war déi traditionell FETE POPULAIRE beim Centre Barblé.
Ganz vill Leit ware komm an hunn e richteg flotten Owend erliewt.
Dat ass eis awer nëmme gelongen, well eis MusicKids, d'Simmer Duerfmusék, eis Fanfare, d'Dëppegéisser a SIMPLY2 esou eng flott Stëmmung gemaach a fir gutt Laun gesuergt hunn.
Hinnen all dofir e grousse Merci.
E Merci geet awer och un d'Staudivers,d'Chorale, d'Scouten an d'Veteranenekipp vum FC UNA well si fir de Catering gesuergt hunn.
Mir loossen eis Museksinstrumenter och lo e bëssche rouen a freeën eis drop fir Mëtt September rëm lass ze leeën.

